Wat maachen mir?

Mir verkënnegen eng gutt Noriicht: De Mënsch kann éiwegt Liewe mat Gott duerch de Glawen un den Här Jesus kréien. Eis Ziel ass et dëse Message aus der Bibel kloer a verständlech op lëtzebuergesch ze presentéieren. Entdeckt mat eis d‘Haaptelementer vu dëser gudder Noriicht.

Haapt Elementer vun der Gudder Noricht

Bibel


Wat mëscht d’Bibel esou eenzegaarteg a wat sinn d’Haapt Themen déi virkommen? Firwat solle mir se haut nach liesen?  (Et geet ëm Gott, de Mënsch an hir Relatioun zueneen.)

Gott

Sënner

Jesus

Erléisung

Glawen

D’Neit Testament

Säit 2017 gëtt et dat Néit Testament integral iwwersat aus dem griicheschen an eng authentesch a liicht verständlech lëtzebuergescher Sprooch.

Fir méi gewuer ze ginn sidd dir wëllkomm op d‘Website vu Bibel fir Lëtzebuerg ze goen an eventuell en Exemplar bestellen.

Rezent Artikelen


De Mënsch ass sech selwer am Wee well hien dat Gutt béis nennt an dat Béist gutt nennt.


Firwat gëtt et Leed wann Gott gutt ass?

De Mënsch ass sech selwer am Wee well hien dat Gutt béis nennt an dat Béist gutt nennt.


Firwat gëtt et Leed wann Gott gutt ass?

De Mënsch ass sech selwer am Wee well hien dat Gutt béis nennt an dat Béist gutt nennt.

Iwwer Eis

Mir si Membere vu der Christian Community Church, eng engleschsproocheg Gemeinschaft vu Chrëschten zu Lëtzebuerg. Mir gleewen dass d‘Bibel glafwierdeg ass. Si ass eenzegaarteg als literaresch Wierk an ass vu Gott ausgeotemt. Mir gleewen dass Gott existéiert mat all den Eegenschaften wéi hien sech an der Bibel virstellt. Mir gleewen dass Gott d‘Welt an de Mënsch erschaffen huet. De Mënsch ass gemaach fir Gott gär ze hunn an him ze déngen. Duerch seng Rebellioun géint Gott seng Autoritéit huet de Mënsch déi gerecht Strof vu Gott verdéngt: den Doud an éiweg Trennung vu Gott.
Mir sinn eng oppen an transparent Gemeinschaft déi sech als Nofolger vu Jesus senger Léier gesäit. Mir gleewen datt mir Verzeiung vun eise Sënnen fannen wann mir ons Bekéieren an eist Vertrauen an den Doud an d‘Operstéiung vu Jesus Christus setzen.
Mir organiséieren Themenowenter wou mir zesummen de Gott vu Abraham, Isaak, a Jakob entdecken, d‘Bibel studéieren an erausfanne wéi mir den Text kënne relevant an eisem Liewen uwenden.
Wann dir méi wëllt gewuer ginn invitéieren mir Iech fir mat eis Kontakt opzehuelen oder op d‘Website vun der Christian Community Church asbl kucken ze goen.
 

Kontakt


Email

Phone number