De Jesus Christus huet all dës Viraussoen erfëllt, mee firwat sollt den Doud vun enger Persoun, déi als Kriminell virun zweedausend Joer gekräizegt gouf, iergend eng Bedeitung fir ons haut hunn? D’Bibel weist op ee gëttleche Plang hannert deem Ganzen hin an d’historesch Fakten hunn eng éiweg Bedeitung. Siwen Haaptwierder hëllefen eis de Plang vu Gott ze verstoen:
Eng perséinlech Bezéiung
Wa mir eis wënschen, eng perséinlech Bezéiung zu Gott ze hunn, wat musse mir da maachen, baséierend op dem, wat mir bis elo geléiert hunn?
D’Bibel léiert, datt mir op Gott seng gutt Noriicht perséinlech äntwere mussen. Grad sou wéi eng jonk Fra op d’Avancë vun engem jonke Mann, deen an si verléift ass, reagéiert, musse mir Gott mat Léift äntweren, well hien eis fir d’éischt gär hat. Des Äntwert aus Léift, zu där Gott eis rifft, verlaangt, datt mir verschidde Fakte kennen an op si vertrauen. Mir mussen eist ganzt Vertrauen op dat setzen, wat hien eis gesot huet a wat hie fir eis gemaach huet. Dat ass genau sou wéi eng Persoun, déi an de Bierger gerett gëtt, dem Rettungspersonal am Helikopter vertraue muss.
Wat musse mir gleewen? Wéi solle mir vertrauen? Looss eis d’Äntwerten erëm a Gott sengem eenzegaartege Buch, der Bibel, fannen.
Ech Si Schëlleg
Mir mussen zouginn, datt mir viru Gott schëlleg sinn an datt mir den éiwege Jugement wierklech verdéngen. Erënners du dech un eis drëtt Lektioun iwwert dem Mënsch säi Charakter? All d’Mënsche si Sënner duerch hiert Handelen, hier Attitüd an hier Natur. Keen eenzege ka sech selwer veränneren duerch seng eege Beméiungen, Gott sengem perfekten hellege Standard gerecht ze ginn.
Dat gëllt och fir dech! Dofir gëff perséinlech, andeems du Gott am Gebiet sees, datt s du een hëlleflose Sënner bass, dee Gott säi Jugement verdéngt.
- “Esou wéi geschriwwe steet: “Et gëtt keen, dee gerecht ass, emol net een eenzegen.” (Réimer 3,10 BFL)
- “ well jidderee gesënnegt an d’Herrlechkeet vu Gott net erreecht huet.” (Réimer 3,23 BFL)
- “Jiddereen, dee sënnegt, brécht d’Gesetz. Sënn ass Gesetzlosegkeet.” (1 Jean 3,4 BFL)

De Jesus Ass Gott An Engem Mënschleche Kierper
Mir musse gleewen, datt de Jesus den eenzegaartege Gott-Mënsch ass an datt hie Gott sengen hellegen Uspréch vollkommen entsprach huet (Lektioune 4 a 5 Link).
De Jesus ass den Erléiser vun der Mënschheet – deen am 1. Moses 3,15 versprach gouf – ee Judd dee vum Abraham, Isaak, Jakob, Juda an dem Kinnek David ofstaamt. Hie gouf zu Bethlehem vun enger Joffer gebuer an huet an aller Bescheidenheet vill grouss Wonner gemaach fir ze weisen, datt hie souwuel Gott wéi och Mënsch ass. D’Leit si géint hie gaangen, hunn hie verspott, gekräizegt a begruewen.
Sou huet hie säi Liewen als Gottes Afferlamm hierginn. Mee hien ass vun den Doudegen operstane fir ze weisen, datt säi Wierk um Kräiz ofgeschloss ass an datt et Gott zefriddestellt.
Gleefs du, datt dat wouer ass? Da gëff perséinlech andeems du Gott am Gebiet sees, datt s du déi Tatsaache gleefs.
De Jesus Ass Mäin Ersatz
Mir musse gleewen, datt Gott seng Roserei iwwert eis Sënn doduerch zefridde gestallt ginn ass, wéi de Jesus sech fräiwëlleg aus Léift als Ersatz fir eis hierginn huet. Dem Jesus säin Doud ass stellvertriedend fir Sënner geduecht. Hien ass net nëmme fir d’Mass vun der Mënschheet gestuerwen, mee och fir dech!
Gleefs du, datt de Jesus dat fir dech gemaach huet? Da gëff perséinlech andeems du Gott am Gebiet sees, datt s du gleefs, datt de Jesus dat aus Léift fir dech gemaach huet, och wann s du säi Kaddo net verdéngt hues. So him, datt s du op dat vertraus, wat de Jesus fir dech gemaach huet.
Gott Wëll Mech Retten

Mir musse gleewen, datt dem Jesus säin Doud fir eis et Gott erlaabt (1) eis ze verzeien an (2) eis akzeptabel fir hien ze maachen.
Verzeiung
Gott ass bereet, d’Schold vun eiser Sënn ewech ze huelen. A wann hien dat bis eng Kéier gemaach huet, da wäert hie kee Wuert méi iwwert eis Schold verléieren! Well de Jesus fir deng Sënne gestuerwen ass, ka Gott deng Schold ewech huelen, ouni e Kompromëss mat senger Gerechtegkeet anzegoen. Wann s du decidéiers, däi Vertrauen an dat, wat de Jesus an denger Plaz gemaach huet, ze setzen, da geet däi Konto vun hoffnungslos verschëlt op „komplett bezuelt“!
- Wënschs du dir Gott seng Verzeiung? Da gëff perséinlech, andeems du Gott am Gebiet frees, dir ze verzeie mat Hibléck op dem Jesus säin Doud als däin Ersatz.
- “Dir, déi dir fréier an den Iwwertriedungen an an der Onbeschniddenheet vun ärem Kierper dout waart, gouft mat Christus lieweg gemaach. Gott huet iech all är Iwwertriedunge verzien.” (Kolosser 2,13 BFL)
- “Ech schreiwen iech, Kanner, well är Sënne iech wéinst sengem Numm verzie gi sinn.” (1. Jean 2,12 BFL)
Rechtfäerdegung
Gott ass bereet, dech fir genee sou gerecht ze erkläre wéi säi Jong de Jesus! Obwuel s du vun dir selwer aus net gerecht bass, rechent Gott dir dem Jesus Christus seng Guttheet un, wann s du däi Vertrauen an de Jesus setz. Duerch dem Jesus säin Doud huet Gott d’Recht, eis fir gerecht ze erklären, an dat als ee Kaddo, dee mir net verdéngt hunn!
Also maach et perséinlech a so him Merci, datt hien dir, wann s du gleefs, dem Jesus seng Gerechtegkeet urechent. Du bass da genee sou gerecht wéi de Jesus! So him Merci duerfir, datt hie versprach huet, dat ze maachen, wa mir hien dorëms froen, obwuel mir dat net verdéngt hunn.
“Well jidderee gesënnegt an d’Herrlechkeet vu Gott net erreecht huet. Mee si gi gerechtgesprach duerch d’Gnod, ouni dat et si eppes kascht, duerch d’Erléisung, déi duerch de Jesus Christus kënnt.” (Réimer 3,23-24 BFL)
“Mir goufen duerch de Glawe gerechtgesprach an dofir hu mir Fridde mat Gott duerch eisen Här Jesus Christus.” (Réimer 5,1 BFL)
Gott Rett Mech Wierklech!
Rettung

- “Wa mir elo duerch säi Blutt gerechtgesprach goufen, da gi mir ëmsou méi duerch hie vun der Roserei gerett. Wa mir mat him duerch den Doud vu sengem Jong versöhnt goufen, wéi mir nach Feinde vu Gott waren, ëm wéi vill méi gi mir, nodeems mir elo versöhnt goufen, duerch säi Liewe gerett! An net nëmmen dat, mir bretzen eis och nach a Gott duerch eisen Här Jesus Christus, duerch dee mir mat Gott versöhnt goufen.” (Réimer 5,9-11 BFL)
- “Mee Gott, dee räich u Baarmhäerzegkeet ass, a wéinst senger grousser Léift, mat där hien eis gär huet, huet eis zesumme mat Christus lieweg gemaach, och wa mir wéinst eisen Iwwertriedungen dout waren - duerch d’Gnod sidd dir gerett ginn. Gott huet eis zesumme mat Christus operstoe gelooss an eis zesumme mat him eng Plaz am Himmel duerch Christus Jesus ginn, fir an den zukünftegen Zäitaltere seng onbegrenzt räich Gnod a senger Guttheet fir eis duerch Christus Jesus ze weisen. Dir sidd nämlech duerch d’Gnod wéinst dem Glawe gerett ginn an dat net vun iech selwer aus, mee et ass e Kaddo vu Gott. Et ass net opgrond vu Wierker, fir datt kee sech bretze kann. Mir sinn nämlech säi Wierk. Mir sinn duerch Christus Jesus fir gutt Wierker erschafe ginn, déi Gott am Viraus virbereet huet, fir datt mir si ausliewe sollen.” (Epheser 2,4-10 BFL)
Éiwegt Liewen
Gott leet säin eegent Liewen a mech eran. Mënschen, déi op de Jesus Christus vertrauen, kréie lo schonns de Kaddo vum éiwege Liewen. Éiwegt Liewen ass net nëmme Liewe wat éiweg unhält, mee et geet awer och ëm eng nei Natur, déi mir kréien. Déi Natur, déi vu Gott kënnt, gëtt eis nei Wënsch an nei Kapazitéiten. Gott wäert dee Kaddo, an all sengen Hisiichten, nimools vun deenen ewechhuelen, déi sengem Jong vertrauen.
Gëff perséinlech, andeem s du Gott Merci sees fir de Kaddo vum éiwege Liewen.

- “Gott huet säi Jong nämlech net an d’Welt geschéckt, fir d’Welt ze riichten, mee fir datt d’Welt duerch hi gerett géif ginn.” (Jean 3,17 BFL)
- “Ech soen iech d’Wourecht! Wie mäi Wuert héiert an deem gleeft, dee mech geschéckt huet, huet éiwegt Liewen. Hie gëtt net geriicht, mee hien ass vum Doud an d’Liewen eriwwergaangen.” (Jean 5,24 BFL)
- “Dat hei ass d’éiwegt Liewen: datt si dech, den eenzeg richtege Gott, an de Messias Jesus, deen s du geschéckt hues, kennen.” (Jean 17,3 BFL)
- “Esou ass d’Léift vu Gott ënnert eis gewise ginn: Gott huet säin eenzege Jong an d’Welt geschéckt, fir datt mir duerch hie liewe kënnen.” (1. Jean 4,9 BFL)
- “Dat hei ass d’Ausso: Gott huet eis éiwegt Liewe ginn an dëst Liewen ass a sengem Jong. Wien de Jong huet, huet d’Liewen; wien de Jong vu Gott net huet, huet d’Liewen net. Ech schreiwen iech, déi dir un de Numm vum Jong vu Gott gleeft, dat alles, fir datt dir wësst, datt dir éiwegt Liewen hutt an datt dir un den Numm vum Jong vu Gott gleeft.” (1. Jean 5,11-13 BFL)
- “Dofir, wann een a Christus ass, dann ass hien eng nei Schëpfung. Dat Aalt ass vergaangen. Kuckt, alles ass nei ginn!” (2. Korinther 5,17 BFL)
Gott Rett Mech Net, Wann Ech Op Iergend Eppes Anescht Vertrauen.
Mir musse gleewen, datt mir dëse Kaddo vu Gott nëmmen duerch einfacht Vertrauen op de Jesus kréien, an net duerch gutt Wierker.
Firwat kënne mir dëse Kaddo net duerch eis eegen Ustrengunge kréien? Wa mir eis eisen eegene Wee an den Himmel erschaffe kéinten, da wier Gott seng helleg Presenz mat lauter houfrege Leit gefëllt. An deen Houfert géif déi selwecht Problemer maachen, déi mir hautdesdags an der Welt erliewen!
Gott verlaangt, datt mir eis Onfäegkeet, Gott säin hellege Standard ze erreechen, unerkennen an eis u Gott riichte fir gerett ze ginn. Sou geet hie mat eisem Houfert ëm a verherrlecht gläichzäiteg seng eege Gnod a Baarmhäerzegkeet.
- “Et ass net opgrond vu Wierker, fir datt kee sech bretze kann.” (Epheser 2,9 BFL)
- “Wann e Mënsch schaffe geet, kritt hien de Loun net als Kaddo, mee well hien e verdéngt huet. Deemjéinegen, deen net schafft, mee op dee vertraut, deen déi Gottlos gerechtsprécht, deem gëtt säi Glawen als Gerechtegkeet ugerechent.” (Réimer 4,4-5 BFL)
Wa Gott Mech Bis Gerett Huet, Fänkt Hien Un, Mech Ze Veränneren.

Gutt Wierker sinn net de Grond firwat mir gerett ginn, mee si sinn d’Fruucht vun eiser Rettung. Grad sou wéi ee Mënsch, dee gerett ginn ass, säi mënschleche Retter gär huet, fänken déijéineg, deene verzie gouf an déi d’éiwegt Liewe kruten, un, de Jesus Christus gär ze hunn. Gott gëtt hinnen de Wonsch, déi Saachen ze maachen, déi him gefalen.
- “Dir sidd nämlech duerch d’Gnod wéinst dem Glawe gerett ginn an dat net vun iech selwer aus, mee et ass e Kaddo vu Gott. Et ass net opgrond vu Wierker, fir datt kee sech bretze kann. Mir sinn nämlech säi Wierk. Mir sinn duerch Christus Jesus fir gutt Wierker erschafe ginn, déi Gott am Viraus virbereet huet, fir datt mir si ausliewe sollen.” (Epheser 2,8-10 BFL)
- “Wann awer ee säi Wuert anhält, dann ass d’Léift vu Gott sécherlech an him vollstänneg ginn. Da wësse mir, datt mir an him sinn. Wie behaapt, datt hien an him bleift, dee muss genee dee Wee goen, deen hie gaangen ass.” (1. Jean 2,5-6 BFL)
Wann s du nach weider froen hues op déi s du gären eng Äntwert häss, sti mir dir iwwert eis Kontaktméiglechkeet gären zur Säit a beroden dech no eisem beschte Wëssen a Gewësse viru Gott.
D’Bibelzitater Neien Testament op Lëtzebuergesch si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.
Bibeltexter vum Alen Testament sinn aus der Schlachter 2000 Copyright © 2000 Genfer Bibelgesellschaft. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.