"Dem Jesus säin Doud huet de ganze Präis, dee verlaangt war fir eis vun der Schold vun eiser Sënn ze befreien, bezuelt. Sënner si Prisonéier vun der Sënn an hire Konsequenzen. Dem Jesus säin Doud an Operstéiung si genuch Loun fir eis vun der Strof vun der Sënn ze befreien." - Guttnoriicht.lu -

De Jesus Christus huet all dës Viraussoen erfëllt, mee firwat sollt den Doud vun enger Persoun, déi als Kriminell virun zweedausend Joer gekräizegt gouf, iergend eng Bedeitung fir ons haut hunn? D’Bibel weist op ee gëttleche Plang hannert deem Ganzen hin an d’historesch Fakten hunn eng éiweg Bedeitung. Siwen Haaptwierder hëllefen eis de Plang vu Gott ze verstoen:

ONSCHOLD

De Jesus huet den Doud net verdéngt. Hien huet säi Liewe ouni Sënn gefouert. Hie selwer huet dëst gesot an huet seng Jénger dozou opgefuerdert fir et unzëerkennen.

D’Männer, déi him am nooste stoungen, hunn et gesot:

“Eis Strof ass gerecht, well mir kréien dat, wat mir fir eis Dote verdéngt hunn. Mee dëse Mann huet näischt Falsches gemaach.” - Luc 23,41 BFL -

De Jesus war vis-à-vis vun den Ukloen, déi vun de jüdesche Leeder géint hie bruecht gi sinn an déi ënnert anerem Gotteslästerung a Widderstand géigeniwwer dem Staat mat abegraff hunn, onschëlleg. De Judas, deen de Jesus verroden hat, huet et selwer éier hien sech d’Liewe geholl hat, gesot. “Ech hu gesënnegt, well ech en onschëllege Mann dem Doud ausgeliwwert hunn.” (Mattias 27,4 BFL)

D’Fra vum Pilatus huet et gesot, éier de Jesus viru Geriicht stoung. “Wéi de Pilatus um Riichterstull souz, huet seng Fra him e Message schécke gelooss, dee sot: “Looss d’Hänn vun dësem onschëllege Mann. Ech hunn haut an engem Dram wéinst senger schrecklech gelidden.”” (Mattias 27,19 BFL)

De Pilatus huet et festgestallt an huet et während sengem Prozess gesot. “Wéi de Pilatus gesinn huet, datt hien näischt erreeche géif, mee datt éischter e Krawall lassgoe géif, huet hie Waasser geholl a seng Hänn virum Vollek gewäsch. “Ech sinn onschëlleg um Blutt vun dësem Gerechten! Dat ass är Saach!” (Mattias 27,24 cf. Jean 18,38; 19,4-6 BFL)

Den Déif, dee Bouss gemaach huet an sech ëmgekéiert huet um Kräiz nieft dem Jesus, huet et gesot. “Eis Strof ass gerecht, well mir kréien dat, wat mir fir eis Dote verdéngt hunn. Mee dëse Mann huet näischt Falsches gemaach.” (Luc 23,41 BFL)

De réimeschen Zaldot, deen der Kräizegung nogekuckt huet, huet et gesot. “Wéi de réimeschen Offizéier an déi, déi mat him de Jesus bewaacht hunn, d’Äerdbiewen an dat, wat geschitt ass, gesinn hunn, krute si et mat der Angscht ze dinn; Si soten: “Dee war wierklech de Jong vu Gott!” (Mattias 27,54 BFL)

KRÄIZEGUNG

De Jesus ass op engem réimesche Kräiz gestuerwen. Duerch dëst Evenement, huet de Jesus eng extrem kierperlech Péng, eng komplett Erniddregung an de geeschtlechen Doud (Verstouss vum Papp) erlieft. (cf. Jesaja 53,3-6; Mattias 27,50; Mattias 27,46)

“Nodeems de Jesus nees mat haarder Stëmm geruff hat, huet hie säi Geescht opginn”. - Mattias 27, 50 BFL -

ERSATZ

De Jesus wollt säi Liewen als een Ersatz fir schëlleg Mënschen hierginn. Hien ass als Ersatz fir Sënner, déi den Doud fir hir eege Rebellioun géint Gott verdéngt haten, gestuerwen.

“Ech sinn de gudden Hiert. Ech kenne meng Schof a meng Schof kenne mech. Esou wéi de Papp mech kennt, esou kennen ech och mäi Papp. Ech gi mäi Liewen hier fir d’Schof.” - Jean 10,14-15 BFL -

De Papp huet de Jesus net dozou gedrängt d’Péng vum Kräiz op sech ze huelen. Mä Jesus huet se fräiwëlleg aus Léift op sech geholl.

D’OPERSTÉIUNG

Dem Jesus seng kierperlech Operstéiung vun den Doudege beweist, datt säi Wierk fäerdeg a genuch war. Säin Doud ass ee fir allemol geschitt. Et ass ni widderholl ginn oder op iergend enger Manéier weidergefouert ginn.

Seng Operstéiung vun den Doudege beweist, datt säin Doud genuch war.
“Dat hei ass d’Léift: net datt mir Gott gär haten, mee datt hien eis gär hat a säi Jong als Affer geschéckt huet, fir fir eis Sënnen ze béissen.” - 1. Jean 4,10 BFL -

ZEFRIDDESTELLEND

Dem Jesus säin Doud huet engem hellege Gott seng Roserei iwwert eis Sënn zefridde gestallt. Säin Doud huet Gottes Gerechtegkeet ee fir allemol zefriddegestallt. Ni méi muss ee fir seng Sënn viru Gottes Geriicht trieden an den Eiwegen Doud erliewen.

ERLÉISUNG

Dem Jesus säin Doud huet de ganze Präis, dee verlaangt gouf fir eis vun der Schold vun eiser Sënn ze befreien, bezuelt. Sënner si Prisonéier vun der Sënn an hire Konsequenzen. Dem Jesus säin Doud an Operstéiung si genuch Loun fir eis vun der Strof vun der Sënn ze befreien.

VERSÉINUNG

Dem Jesus säin Doud huet Feinden et erméiglecht Frënn ze ginn. Duerch eis Sënn gouf d’Bezéiung zu Gott gebrach a mir goufe Feinde vu Gott. Mir ware Feinde well mir dat Ongerecht iwwert dat Gerechtegkeet gesaat hunn an esou géint Gott rebelléiert hunn. Mee Jesus huet de Fridden zwësche Mënsch a Gott bruecht.

“Wa mir mat him duerch den Doud vu sengem Jong versöhnt goufen, wéi mir nach Feinde vu Gott waren, ëm wéi vill méi gi mir, nodeems mir elo versöhnt goufen, duerch säi Liewe gerett!” (Réimer 5,10 BFL)

“Et war duerch Christus, datt Gott d’Welt mat sech selwer versöhnt huet, andeems hien de Mënschen hir Iwwertriedungen net ugerechent huet an eis d’Botschaft vun der Versönung uvertraut huet.” (2. Korinther 5,19 BFL)

“Gott huet der Welt seng Léift op dës Manéier gewisen: Hien huet säin eenzege Jong hierginn, fir datt jiddereen, deen un hie gleeft, net verluer geet, mee éiwegt Liewen huet.” - Jean 3,16 BFL-