Dat prophezeit Lamm vu Gott

D’Sënn verlaangt den Doud. Am alen Testament fanne mer dowéinst déi ganz Reegelen zu den Affergowen. E Lamm oder eng Geess gouf am Mënsch senger Platz geaffert als Zeechen dofir dat d’Sënn mam Liewe bezuelt gëtt. (cf. 3. Mose 1-7)
Dëst erënnert d’Israelitten drun, dat hiert Liewen eigentlech hätt missen eriwwer si well si Gottes Gesetz gebrach hunn. “De Loun vun der Sënn ass nämlech den Doud,...” (Réimer 6,23 BFL)
D’Déiere konnten dem Sënner d’Sënn net ewechhuelen oder him Gerechtegkeet urechnen. Ee besseren Ersatz war néideg. Fir d’Sënn endgülteg ze bestrofe muss ee perfekte Mënsch d’Sënne vun deenen onperfekte Mënsche fräiwëlleg op sech huelen, fir dat eng komplett Bezuelung vun all Schold vu Sënn viru Gott ka stattfannen.
Dee perfekte Mënsch koum duerch Jesus Christus deen am alen Testament am viraus ugekënnegt gouf:
- De Stammbam vun deem hie wäert kommen
- Déi eemoleg Natur vu senger Gebuert
- D’Stad vu senger Gebuert
- Seng Ënnerdéngegkeet
- Seng Gottheet an engem Kierper
- D’Manéier, wéi hie wäert stierwen
- Hien erfëllt d’Billersprooch vun den Afferdéieren als Lamm vu Gott
- Seng kierperlech Operstéiung vun den Doudegen
Wichtegst Prophezeiungen aus dem Alen Testament an hier Erfëllungen

Dem Jesus seng Gottheet
Seng Gottheet an engem Kierper.
- Den Erléiser wäert Gott a Mann sinn. “Ich sah in den Nachtgesichten, und siehe, es kam einer mit den Wolken des Himmels, gleich einem Sohn des Menschen; und er gelangte bis zu dem Hochbetagten und wurde vor ihn gebracht.” ca. 530 v. Chr. (Daniel 7,13 SCH2000)
- “Denn ein Kind ist uns geboren, ein Sohn ist uns gegeben; und die Herrschaft ruht auf seiner Schulter; und man nennt seinen Namen: Wunderbarer, Ratgeber, starker Gott, Ewig-Vater, Friedefürst. Die Mehrung der Herrschaft und der Friede werden kein Ende haben auf dem Thron Davids und über seinem Königreich, dass er es gründe und festige mit Recht und Gerechtigkeit von nun an bis in Ewigkeit. Der Eifer des Herrn der Heerscharen wird dies tun!” ca. 740-680 v. Chr. (Jesaia 9,6 SCH2000)
Beweiser vun senger Gottheet.
- “De Jesus huet him geäntwert: “Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen. Kee kënnt bei de Papp, et sief dann duerch mech.” (Jean 14,6-9 BFL)
- “De Jesus, deen hir Gedanke kannt huet, sot awer: “Firwat denkt dir Béises an ären Häerzer?”” (Mattias 9,4; cf. Mattias 12,25 BFL)
- “Wie vun iech ka beweisen, datt ech sënnegen? Wann ech d’Wourecht soen, firwat vertraut dir mir dann net?” Jean 8,46 (BFL)
- Muecht iwwert d’Schëpfung: Hien huet Waasser a Wäin verwandelt (Jean 2,1-11), De Wand an d’Welle follegen dem Jesus (Mattias 8,23-27),
- Autoritéit d’Sënn ze verzeien: “Du sot hien zu hier: “Deng Sënne sinn dir verzien.”” (Luc 7,48 BFL)
- Autoritéit iwwert de Satan: “Dunn huet de Jesus hien op d’Plaz gesat: “Sief roueg! Fuer aus him eraus!” Den Dämon huet de Mann an hirer Mëtt op de Buedem gehäit an ass aus him erausgefuer, ouni him eppes zu Leeds ze doen.” (Luc 4,35 BFL)
Dem Jesus säin Affer

Hien erfëllt d’Billersprooch vun den Afferdéieren als Lamm vu Gott.
- Scheewercher a Geesse si vum Adam an dem Eva hir Zäit aus un duerch d’ganz Geschicht vun Israel geaffert ginn. Déi Afferen hunn drop higewisen, datt d’Vergéisse vum Blutt néideg war fir d’Sënn ze verzeien. Den Doud vun engem onschëllegen Déier huet d’sënneg Mënschen, déi d’Affer bruecht hunn, drun erënnert, datt d’Sënn den Doud verlaangt. ca. 1450-1410 v. Chr. (3. Moses 4)
Säin Titel als Lamm vu Gott
- “Den Dag drop huet hien de Jesus gesinn op sech duerkommen a sot: “Hei ass d’Lamm vu Gott, dat d’Sënn vun der Welt ewechhëlt!” (Jean 1,29 BFL)
Dem Jesus säin Doud

D’Manéier wéi hie wäert stierwen – d’Kräizegung
- “Denn Hunde umringen mich, eine Rotte von Übeltätern umgibt mich; sie haben meine Hände und meine Füße durchgraben.” (Psalm 22,16 SCH2000)
- “Mein Gott, mein Gott, warum hast du mich verlassen? Warum bleibst du fern von meiner Rettung, von den Worten meiner Klage?” (Psalm 22,1 SCH2000)
- “Ich bin ausgeschüttet wie Wasser, und alle meine Gebeine sind ausgerenkt. Mein Herz ist geworden wie Wachs, zerschmolzen in meinem Innern. Meine Kraft ist vertrocknet wie eine Scherbe, und meine Zunge klebt an meinem Gaumen, und du legst mich in den Staub des Todes.” (Psalm 22,14-15 SCH2000)
- “Ich kann alle meine Gebeine zählen; sie schauen her und sehen mich [schadenfroh] an.” (Psalm 22,18 SCH2000)
- “Sie teilen meine Kleider unter sich und werfen das Los über mein Gewand.” (Psalm 22,19 SCH2000)
Seng Kräizegung unhand vun de Réimer op Fuerderung vun de Judden.
- Seng Hänn a Féiss sinn un d’Kräiz geneelt ginn. (Mattias 27,33-38)
- Éier hie gestuerwen ass, huet hien „Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?“ geruff. (Marc 15,34)
- Hien hat vill Duuscht. (cf. Jean 19,28) D’réimesch Zaldoten hunn de Lous gezu fir säi Kleedungsstéck ze kréien. (Mattias 27,35)
- Seng Feinden hunn de Geck mat him gemaach. (Mattias 27,38-44)
Dem Jesus seng Operstéiung

Seng kierperlech Operstéiung vum Doud
- “denn du wirst meine Seele nicht dem Totenreich preisgeben und wirst nicht zulassen, dass dein Getreuer die Verwesung sieht.” (Psalm 16,10 cf. Jesaia 53,4-10,12 SCH2000)
Seng kierperlech Operstéiung vun den Doudegen
- De Jesus ass an engem Graf, dat nach ni benotzt gi war, an dat dem Yossef vun Arimatea, deen ee räiche Mann war, gehéiert huet, begruewe ginn (Mattias 27,57-58).
- Dräi Deeg no senger Kräizegung ass de Jesus kierperlech vun den Doudegen operstanen, wéi hien et selwer prophezeit hat. (Luc 24; Marc 9,31)
D’Bibelzitater Neien Testament op Lëtzebuergesch si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.
Bibeltexter vum Alen Testament sinn aus der Schlachter 2000 Copyright © 2000 Genfer Bibelgesellschaft. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.