“Ech sinn als Gesetzesbriecher an d’Welt gebuer ginn, a sinn dowéinst vu Gott getrennt. Ech si wäit vu perfekt. Gott säi Gesetz seet, datt all Sënn d’Doudesstrof verlaangt. Ech stierwen net nëmme kierperlech, mä erliewen och eppes wat d’Bibel den zweeten Doud – eng Éiwegkeet vu Leiden am Feierséi - nennt. Well ech ee Sënner sinn, ass et mir onméiglech den Doud ze vermeiden. Ech sinn hëlleflos.” - zitéiert vum John Cross, And Beginning With Moses, p. 24 -

Wat ass d’Sënn?

Gott ass Helleg an huet d’Welt erschaf. D'Bibel presentéiert den Ufank vun der mënschlecher Geschicht als Fakt, net als iergend eng poetesch Fantasie Et ginn 3 Aarte vu Sënnen déi Gottes Gesetz definéiert:

Niewent ville Beschreiwunge wat Sënn bedeit steet am 1. Bréif vum Jean 3,4 am neien Testament: “Sënn ass Gesetzlosegkeet" (BFL). Aner Termen sinn Gottlosegkeet, Ignoranz, Schold, Hypokrisie oder Onrengheet.

Konsequenzen vun der Sënn

Am éischte Buch vu Moses léiere mir datt den éischte Mënsch Adam an seng Fra Eva Gottes Gesetz gebrach hunn : "net vun der Fruucht vum Bam vun der Erkenntnis iwwer dat Gutt a dat Béist z’iessen". Well den Adam dëst awer net respektéiert huet huet hie missen d’Konsequenze vu senger Sënn droen. (cf. 1. Moses 2:16-17 an 1. Moses 3)

Gott gehéiert alles an hien huet d’Gesetzer geschaf. Aus deem Grond si mir Mënsche responsabel déi Gesetzer anzehalen. D'Sënn ass wann ee verseet entweder duerch Dot, Astellung, oder Natur sech u Gott seng moralesch Gesetzer ze halen.

“De Loun vun der Sënn ass nämlech den Doud” - Réimer 6,23 BFL -

Wien ass e Sënner?

D’Bibel seet aus datt all Mënsch e Sënner ass an datt keen sech ka viru Gott rechtfäerdegen. Jiddereen wäert fir seng Gedanken, Wierder an Doten viru Gott Riicht stoen mussen. Am Bréif un déi Réimesch Gemeinschaft gëtt op dat Aalt Testament verwisen an do steet am Kapitel 3,9-18 (BFL)

“... Mir hunn nämlech d’Uklo schonns erhuewen, datt d’Judden an och d’Griichen alleguer ënnert der Sënn stinn, esou wéi geschriwwe steet:

„Et gëtt keen, dee gerecht ass, emol net een eenzegen. Et gëtt keen, dee versteet. Et gëtt keen, dee Gott sicht. Alleguer hu sech ewechgedréit, alleguer zesummen daache se näischt. Et gëtt keen, dee Guddes deet, mol net een eenzegen. (Psalmen 14,1-3)"

„Hir Strass ass en oppent Graf. Hir Zonge gebrauche si, fir ze bedréien.“ (Psalmen 5,10)

„Schlaangegëft ass op hire Lëpsen.“ (Psalmen 140,4)

„Hire Mond ass voller Fluch a Verbatterung.“ (Psalmen 10,7)

„Hir Féiss tommele sech, fir ëmzebréngen.“ (Spréch 1,16)

„Zerstéierung a Misär sinn op hire Weeër; de Wee vum Fridde kenne si net.“ (Yesaia 59,7-8)

„Si hunn och kee Respekt vu Gott virun Aen.“ (Psalmen 36,2)”

“Et gëtt nämlech keen Ënnerscheed gemaach, well jidderee gesënnegt an d’Herrlechkeet vu Gott net erreecht huet.” - Réimer 3,24-23 BFL -

Schëlleg an hëlleflos

Well mir vun eiser Natur aus sënnegen, hu mir zwee Problemer, déi mir net iwwerwältege kënnen a Bezuch zu eiser Positioun viru Gott.

Mir sënnegen ëmmer géint ee klore, perfekte Moossstaf. Eis Sënn ass eng Rebellioun géint Gott an eng Iwwertriedung vun senge Moossstief. Eis Sënn ka vill Formen unhuelen, munch manner offensichtlech béis an eisem Denke wéi anerer. Mir sinn all fir eis sënneg Dote verantwortlech.

Stellt iech fir dir hutt dës Positioun op ärer Bank...

Et ass eng Schold, déi mir net zeréck bezuele kënnen. An eisen Aarmut ass esou grouss, dat mir déi Schold net duerch schwéier schaffen ofbezuele kënnen. D'Bibel schwätzt vun engem Scholdschäin: “Hien huet d Scholdschäin géint eis geläscht, deem seng Fuerderunge géint eis waren..." (Kolosser 2,14 BFL)

“Et gëtt nämlech kee Mënsch virun him gerechtgesprach, just well hien d’Gesetz anhält. Duerch d’Gesetz kënnt nämlech d’Erkenntnes vun der Sënn.” - Réimer 3,20 BFL -
D’Bibel léiert, datt mir hëlleflos sinn.

Mir kënnen eis Positioun viru Gott duerch eis eegen Efforten net änneren. D’Bibel gebraucht déi folgend Wierder fir eis ze weise wéi wäit mir vu Gott ewech sinn. (cf. Jacques 4,4, Epheser 2,12, Réimer 1,18-2,3)

  • Feinden
  • Friem
  • ënnert Gott sengem Geriicht
Sënner an deem Zoustand brauchen:
  • Verzeiung
  • Verséinung
  • Baarmhäerzegkeet
  • Ee Vermëttler, een Affekot

Wéi kann een hellege Gott, deen d’Sënn onendlech haasst, hëlleflosen a schëllege Sënner verzeien? Wéi kann hien d’Sënner, ouni säin hellege Standard z’annuléieren, retten?” D’Änwerte fanne mer a Jesus Christus.

“De Stachel vum Doud ass d’Sënn, D’Kraaft vun der Sënn ass d’Gesetz. Mee loosst eis Gott Merci soen! Hien huet eis d’Victoire duerch eisen Här Jesus Christus ginn.” - 1. Korinther 15,56-57 BFL -