Kapitel 3

“Ech sinn als Gesetzesbriecher an d’Welt gebuer ginn, a sinn dowéinst vu Gott getrennt. Ech si wäit vu perfekt. Gott säi Gesetz seet, datt all Sënn d’Doudesstrof verlaangt. Ech stierwen net nëmme kierperlech, mä erliewen och eppes wat d’Bibel den zweeten Doud – eng Éiwegkeet vu Leiden am Feierséi - nennt. Well ech ee Sënner sinn, ass et mir onméiglech den Doud ze vermeiden. Ech sinn hëlleflos.”
- zitéiert vum John Cross, And Beginning With Moses, p. 24 -
Gott ass Helleg an huet d’Welt erschaf. D'Bibel presentéiert den Ufank vun der mënschlecher Geschicht als Fakt, net als iergend eng poetesch Fantasie
Et ginn 3 Aarte vu Sënnen déi Gottes Gesetz definéiert:
1. Doten
2. Astellungen
3. Natur
Niewent ville Beschreiwunge wat Sënn bedeit steet am neien Testament: “Sënn ass Gesetzlosegkeet" 1. Bréif vum Jean 3,4. Aner Termen sin Gottlosegkeet, Ignoranz, Schold, Hypokrisie oder Onrengheet.
Den éischte Mënsch Adam an seng Fra Eva hu Gottes Gesetz gebrach net vun der Fruucht vum Bam vun der Wäisheet z’iessen. Well den Adam dëst awer net respektéiert huet huet hie missen d’Konsequenze vu senger Sënn droen.
Gott gehéiert alles an hien huet d’Gesetzer geschaf. Aus deem Grond si mir Mënsche responsabel déi Gesetzer anzehalen. D'Sënn ass wann ee verseet entweder duerch Dot, Astellung, oder Natur sech u Gott seng moralesch Gesetzer ze halen.
Well mir vun eiser Natur aus sënnegen, hu mir zwee Problemer, déi mir net iwwerwältege kënnen a Bezuch zu eiser Positioun viru Gott.
Et ass eng Schold, déi mir net zeréck bezuele kënnen. An eisen Aarmut ass esou grouss, dat mir déi Schold net duerch schwéier schaffen ofbezuele kënnen. D'Bibel schwätzt vun engem Scholdschäin: “Hien huet d Scholdschäin géint eis geläscht, deem seng Fuerderunge géint eis waren..." Kolosser 2,14 (BFL)
“Et gëtt nämlech kee Mënsch virun him gerechtgesprach, just well hien d’Gesetz anhält. Duerch d’Gesetz kënnt nämlech d’Erkenntnes vun der Sënn.” Réimer 3,20 (BFL)
D’Bibel léiert, datt mir hëlleflos sinn. Mir kënnen eis Positioun viru Gott duerch eis eegen Efforten net änneren. D’Bibel gebraucht déi folgend Wierder fir eis ze weise wéi wäit mir vu Gott ewech sinn:
Wéi kann een hellege Gott, deen d’Sënn onendlech haasst, hëlleflosen, schëllege Sënner verzeien?
Wéi kann hien d’Sënner, ouni säin hellege Standard z’annuléieren, retten?
Daat alles fanne mer am Jesus Christus.
D’Bibelzitater aus dem Neien Testament si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlaabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.