Kapitel 4

“De Jesus, Gott selwer, ass op d’Äerd komm fir als Mann ze liewen. Hie war perfekt – ouni Sënn. Well hie keng Sënn hat, woufir hie selwer huet misse stierwen, konnt hie fir engem aneren seng Sënn stierwen. Wéinst senger Léift, ass hien a menger Plaz gestuerwen, an huet d’Konsequenze vu menger Sënn op sech selwer geholl. Dem Jesus seng Operstéiung beweist, datt Gott dem Jesus säin Doud als absolut zefriddestellend Bezuelung fir meng Sënn ugeholl huet. Säin Doud huet dat wat d’Gesetz verlaangt huet, erfëllt.”
- zitéiert vum John Cross, And Beginning With Moses, p. 24 -
D’Sënn verlaangt den Doud. Am aalen Testament fanne mer dowéinst déi ganz Regelen zu den Opfergofen. E Lamm oder eng Gees gouf am Mënsch senger Platz geopfert als Zeechen dofir dat d’Sënn mam Liewe bezuelt gëtt.
Dëst erënnert d’Israeliten drun, dat hiert Liewen eigentlech hätt missen eriwwer si well si Gottes Gesetz gebrach hunn.
D’Déiere konnten dem Sënner d’Sënn net ewechhuelen oder him Gerechtegkeet urechnen. Ee besseren Ersatz war gebraucht. Fir d’Sënn endgülteg ze bestrofe muss ee perfekte Mënsch d’Sënnen vun deenen onperfekte Mënsche fräiwëlleg op sech huelen, fir dat eng komplett Verzeiung vun de Sënne ka stattfannen. Dee perfekte Mënsch koum duerch Jesus Christus deen am aalen Testament am viraus ugekënnegt gouf.
Seng Gottheet an engem Kierper
Den Erléiser wäert Gott a Mann sinn.
Beweiser vun senger Gottheet
Hien huet d'Muecht iwwert d’Schëpfung:
Hien huet Waaser a Wäin verwandelt (Jean 2,1-11),
De Wand an d’Welle follegen dem Jesus (Mattias 8,23-27),
De Jesus gëtt ongeféier fënnefdausend Männer z’iessen (Mattias 14,13-21)
Hien huet d'Autoritéit d’Sënn ze verzeien: “Du sot hien zu hier: “Deng Sënne sinn dir verzien.”” Luc 7,48 (BfL)
Hien huet d'Autoritéit iwwert de Satan: “Dunn huet de Jesus hien op d’Plaz gesat: “Sief roueg! Fuer aus him eraus!” Den Dämon huet de Mann an hirer Mëtt op de Buedem gehäit an ass aus him erausgefuer, ouni him eppes zu Leeds ze doen.” Luc 4,35 (BfL)
D’Bibelzitater aus dem Neien Testament si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlaabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.