Gott
Gott presentéiert sech als perséinleche Gott deen d’Gemeinschaft an de Fridde mam Mënsch sicht. Duerch d’Bibel kënne mer Gott seng Perséinlechkeet erfuerschen an Hie kenneléieren. (Wat kënne mir iwwert Gott erausfannen? Wéi presentéiert hien sech? Wat sinn seng Eegenschaften?)
Sënner
Wouhier kënnt d’Sënn? Wat ass et a firwat ass se de gréiste Problem fir d’gesamt Mënschheet.
Jesus
E Prophéit? E Léiermeeschter? E gudde Mënsch? Wien ass de Judd Jesus vu Nazareth a firwat ass hien den Zentrum vum Chrëschtleche Glawen.
Erléisung
D’Sënn ass e Problem dee nëmme vun enger Persoun ka geléist ginn, Gott selwer an der Persoun vu Jesus Christus. (Hien huet gepriedegt. Hien huet geheelt. Hien gouf gekräizegt. A wat bedéit dat alles fir ons haut?)
Glawen
Wéi kommen ech zu Gott a bauen meng Bezéiung zu Him op. Wéi ginn ech e Jénger vu Jesus.