June 20

Entstehung vun der Bibel

0  comments

Firwat se 66 Bicher enthält an d’Apokryphen nët zum Kanon gehéieren

___________________________________

Wéi ass d’Bibel entstanen? Wéi wësse mer datt déi 66 Bicher an der Bibel déi eenzeg Bicher vu Gott sinn?  Firwat goufen aner Bicher ausgeschloss a sinn net an der Bibel vertrueden?

Dës Froe ginn duerch d’Léier iwwert de Kanon vun der Bibel beäntwert. Iwwer 3 Artikele wëlle mir kucke wat dat Wuert Kanon heescht, wat seng Bedeitung ass an erausfanne wéi dee Kanon vun de 66 Bicher an engem Buch zesumme komm ass. Zum Schluss wëlle mer och Erkläre firwat et Texter ginn déi net am Kanon vertruede sinn a mir kenne vertrauen datt déi Bibel déi mir hunn och déi ass wou déi éischt Chrëschte gelies a gegleewt hunn.

E Kanon

D’Wuert “Kanon” huet griichesch an hebräesch Wuerzelen. Am gr. kanṓn ass vu "Moossstaf" oder "Standard" riets an am hebr. qane, “Lëtsch”, wat an eisem Kontext souvill bedeit ewéi Lëtsch fir ze moossen. Et handelt sech also bei engem Kanon ëm e “Moossstaf”. Mir schwätze vun eppes wat benotzt gëtt fir ze moossen. D’Wuert “Kanon” gouf 352 n. Chr. déi éischte kéier op d’Bibel bezunn an haut schwätze mer no enger Definitioun vum Bill McRae vun enger “Kollectioun vu Schrëften déi eng Autoritativ an final Norm, Reegel oder e Standard fir d’Léier an d’Praxis vum Glawe bilden.” (Bill McRae, 2010, Bible.org)

De Prozess wärend deem d’Schrëften déi engem Moossstaf gerecht gi sinn als vu Gott inspiréiert an Deel vum Kanon erkannt gi sinn, nennt ee Kanonizitéit vun den Texter. Dëse Prozess kann sech iwwer Joerzéngten a Joerhonnerten zéie soulaang wéi de Moossstaf deem d’Bicher hu misse gerecht ginn erfëllt gouf.

Am ganze gekuckt gesäit et esou aus ewéi wann déi Entscheedung, wéi eng Bicher inspiréiert sinn, eng Arbiträr Mënschlech Prozedur wier. Et ass historesch richteg datt Judden an duerno Chrëschten sech op Konziler zesumme getraff hunn, fir offiziell festzehale wat fir eng Bicher inspiréiert si fir déi reng Léier viru falsche Schrëften ze ënnerscheeden. Et ass awer wichteg ze betounen, datt dës Konziler net entscheet hu wat fir eng Bicher inspiréiert sinn, mee zesumme koume fir déi Bicher ze erkennen déi Gott scho kloer als souer festgeluecht hat andeems se sech u Critère gehaalen hunn déi mat enger Inspiratioun vu Gott mussen Hand an Hand goen.

Critère vum Kanon

D’Inspiratioun vun engem Buch ass den Haaptcritère op dee gekuckt gouf fir ze entscheeden ob eng Schrëft en Deel vum Kanon ass oder net. Mat der Inspiratioun vun engem Buch kommen 3 Saachen zesummen:

  1. Et ass autoritativ, 
  2. Et ass vun de Gleewegen ugeholl ginn a
  3. mat der Zäit ass dat Buch op natierleche Wee bei eenzele Gemeinschaften zesummekomm a gouf vun de Gleewege benotzt.

Dofir goufen d'Texter an de Konziler engem einfachen Test ënnerzu fir kloer ze erkenne wat fir eng Schrëften zum Kanon gehéieren a wat fir eng aner kontrovers Schrëften net dozou geheieren.

Test vun der Kanonicitéit

De Norman L. Geiseler an de William Nix hunn an hirem Buch A General Introduction To The Bible (1986) folgend Critère kënnen identifizéieren:

  1. Ass den Text autoritativ (“Sou seet den Här”)? Wat seet Buch iwwert sech selwer aus? Behaapt d'Buch vu Gott ze kommen?
  2. Ass den Text prophetesch (“Helleg Männer vu Gott”, 2 Péitruss 1:21)?
    1. E Buch aus der Bibel muss ëmmer an direkter Linn zur Autoritéit vun engem Geeschtleche Leeder vun Israel oder engem Apostel vun der Kierch stoen. (AT - Prophéit, Kinnek, Riichter, Schrëftgeléierten; NT - Baséierend op der Ausso vun engem vun den 12 Apostel vu Jesus déi mat him gelieft an Aenzeie vu senger Operstéiung waren.)
  3. Ass den Text authentesch (Konsistent mat vergaangenen Offenbarunge vu Wourecht)? Den Inhalt vun de Bicher widdersprécht net der Léier vum Alen Testament oder der Léier vu Jesus.
  4. Ass den Text dynamësch (beweegend) - demonstréiert e Gottes Liewensverännerend Muecht (Hebräer 4:12)?
  5. Ass den Text ugeholl. Et ass universal vun de Chrëschten ugeholl (acceptéiert a benotzt vu Gleewegen - 1 Thessaloniker 2:13)?
  1. 1
    List Element
  2. 2
    List Element
  3. 3
    List Element

“Life is short, and if we enjoy every moment of every day, then we will be happy no matter what happens or what changes along the way.”

fdsfds


Tags


You may also like

De perséinleche Glawen

Dem Jesus säi Wierk

Leave a Repl​​​​​y

Your email address will not be published. Required fields are marked

{"email":"Email address invalid","url":"Website address invalid","required":"Required field missing"}

Subscribe to our newsletter now!