D’Wuert vu Gott

KAPITEL 1

“D’Bibel ass een eenzegaartegt Buch, egal wat fir ee Moossstaf een hëlt. Kee Wonner, datt d’Bibel dat Buch ass wat am meeschten zitéiert gëtt; am meeschte gedréckt gëtt; am meeschten iwwersat gëtt; a wat am meeschten Afloss hat an der Geschicht vun der Mënschheet.”

- Norman Geisler, From God to Us: How We Got The Bible, Chicago: 1974, p.7 -

Firwat ass d’Bibel een eenzegaartegt Buch?

  • Geschriwwen iwwert eng Zäitspan vun 1500 Joer
  • Geschriwwen iwwert 40 Generatiounen
  • Vu méi wéi 40 Auteure geschriwwen, déi vun all Liewenslaf koumen
  • Op verschiddene Platze geschriwwen
  • Zu verschiddenen Zäitpunkten
  • Mat verschiddene Laune geschriwwen
  • Op dräi Kontinenter geschriwwen
  • An dräi Sprooche geschriwwen

Vu Gott ausgeotemt

Wat Bibel vu villen anere Bicher ënnerscheet ass datt d’Bibel trotz de villen Auteuren harmonesch a kohärent ass, historesch a chronologesch Sënn mëscht an datt d’Bibel behaapt Gott seng Wierder ze sinn.

Dës an aner Verse schwätzen dovun dat Gott Mënsche gebraucht huet fir seng Wierder ze verkënnegen an opzeschreiwen, fir dat se fir déi nächst Generatiounen erhale bleiwen. A well Gott net vu senge Wierder ze trennen ass gëtt d’Bibel och als “Wuert Gottes” bezeechent.

“All Schrëft ass vu Gott inspiréiert (ausgeotemt) ...”

- 2. Timothée 3,16 - (BFL) -

Extrem Genauegkeet

Déi gleeweg hunn Gottes Wuert mat extremer Genauegkeet iwwerdroen, dofir hunn mer haut eng riseg Unzuel Kopien oder Text Deeler un archeologesche Manuskripter déi de bibleschen Text vun Haut ënnerstëtzen.

Dat Alt an Neit Testament

open book

D’Bibel ass an zwee Haaptdeeler agedeelt: dat alt an dat neit Testament. Da sinn déi Testamenter nach a Bicher opgedeelt. D’Struktur an de Bicher, Gruppe vu verschiddene Bicher (Geschicht, Poesie, Prophéiten, Bréiwer, etc), Kapitelen, Versen. Zesummen erginn et am ganze 66 Bicher.

Et ass net wichteg d’Kategorie vun der Bibel ze verhalen. Wat wichteg ass, ass ze verhalen, datt d’Bibel seet, datt si Gott säi Wuert ass, dat heescht seng Noriicht un d’Mënschheet.

“Prophezeiung koum nämlech nach ni duerch de Wëlle vum Mënsch, mee helleg Männer vu Gott hunn esou geschwat, wéi si vum hellege Geescht geleet goufen.”

- 2. Péitrus 1,21 (BFL) -

Haapttheme vun der Bibel

  • Wéi Gott alles erschaf huet, vun näischt gemaach;
  • Wéi de Mënsch sech géint Gott gedréint huet;
  • Wéi Gott decidéiert huet, d’Judden auszewiele fir duerch si ee Retter ze schécken;
  • Wéi dee Retter komm ass, a wéi mir dorop solle reagéieren;
  • Wéi mer Gott kenneléieren

Déi 66 Bicher, dat aalt Testament an dat neit Testament, konzentréiere sech Allenzwee op eng Persoun — de Jesus de Messias vun de Judden deen och Christus genannt gëtt. Mir kréie gesot, datt mir duerch d’Säite vun der Bibel Gott kenneléiere kënnen.

Sou eng Behaaptung sollt och deejéinegen, dee seet d’Bibel wier him egal, dozou bréngen op mannst eng Kéier, dat wat se ze soen huet, ze betruechten.

"Auf ewig, O HERR, steht dein Wort in den Himmeln"

- 2. Psalm 119,89  (SL2000) -

D’Bibelzitater Neien Testament op Lëtzebuergesch si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.

Bibeltexter vum Alen Testament sinn aus der Schlachter 2000 Copyright © 2000 Genfer Bibelgesellschaft. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.