
“De Jesus, Gott selwer, ass op d’Äerd komm fir als Mann ze liewen. Hie war perfekt – ouni Sënn. Well hie keng Sënn hat, woufir hie selwer huet misse stierwen, konnt hie fir engem aneren seng Sënn stierwen. Wéinst senger Léift, ass hien a menger Plaz gestuerwen, an huet d’Konsequenze vu menger Sënn op sech selwer geholl. Dem Jesus seng Operstéiung beweist, datt Gott dem Jesus säin Doud als absolut zefriddestellend Bezuelung fir meng Sënn ugeholl huet. Säin Doud huet dat wat d’Gesetz verlaangt huet, erfëllt.”
- zitéiert vum John Cross, And Beginning With Moses, p. 24 -
Dat prophezeit Lamm vu Gott
D’Sënn verlaangt den Doud. Am alen Testament fanne mer dowéinst déi ganz Reegelen zu den Opfergofen. E Lamm oder eng Gees gouf am Mënsch senger Platz geopfert als Zeechen dofir dat d’Sënn mam Liewe bezuelt gëtt. (cf. 3. Mose 1-7)
Dëst erënnert d’Israelitten drun, dat hiert Liewen eigentlech hätt missen eriwwer si well si Gottes Gesetz gebrach hunn. “De Loun vun der Sënn ass nämlech den Doud,...” (Réimer 6,23 BFL)
D’Déiere konnten dem Sënner d’Sënn net ewechhuelen oder him Gerechtegkeet urechnen. Ee besseren Ersatz war gebraucht. Fir d’Sënn endgülteg ze bestrofe muss ee perfekte Mënsch d’Sënne vun deenen onperfekte Mënsche fräiwëlleg op sech huelen, fir dat eng komplett Bezuelung vun all Schold vu Sënn viru Gott ka stattfannen.
Dee perfekte Mënsch koum duerch Jesus Christus deen am alen Testament am viraus ugekënnegt gouf:
Wichtegste Prophezeiungen aus dem Alen Testament an hierer Erfëllung
Dem Jesus seng Gottheet
Seng Gottheet an engem Kierper.
Beweiser vun senger Gottheet.
Dem Jesus seng Affer
Hien erfëllt d’Billersprooch vun den Afferdéieren als Lamm vu Gott.
Säin Titel als Lamm vu Gott

Dem Jesus säin Doud
D’Manéier wéi hie wäert stierwen – d’Kräizegung
Seng Kräizegung unhand vun de Réimer op Fuerderung vun de Judden.
Dem Jesus seng Operstéiung
Seng kierperlech Operstéiung vum Doud
Seng kierperlech Operstéiung vun den Doudegen
D’Bibelzitater Neien Testament op Lëtzebuergesch si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.