De Jesus Christus
De Mann, seng Missioun, a säi Message
Keen Zweifel, de Jesus huet d’Welt verännert an huet Millioune vu Liewen vun der Welt ewech zu Gott gedréit. Hien ass déi Fundermental Léier vum Chrëschtleche Glawen and dee Kontroveseste Personnage vum 21. Joerhonnert.
A sengem Numm gouf de Fridde gepriedegt a leider och Krich gefouert. A sengem Numm goufe leit verféiert a manipuléiert an a sengem Numm hu Leit fräiheet vun Oppressive Regimer fonnt.
Mee wien ass de Jesus wierklech? Kenne mir dem Message an der Bibel vertrauen? Firwat ass hien un d’Kräiz gaangen? A wat ass säi Message?
Mee wien ass de Jesus wierklech? Kenne mir dem Message an der Bibel vertrauen? Firwat ass hien un d’Kräiz gaangen? A wat ass säi Message?
De Mann
Wéi kënne mir wëssen datt de Jesus gelieft huet?
Biografien
de Mattias: “Dat hei ass de Stammbam vum Jesus, dem Messias, dem Jong vum David, dem Jong vum Abraham.” (Mattias 1,1 BfL)
de Marc: “Dat hei ass den Ufank vun der gudder Noriicht vum Jesus, dem Messias, dem Jong vu Gott.” (Marc 1,1 BfL)
de Luc: “Esëlleche Leit hu scho probéiert, fir e Rapport vun den Evenementer, déi ënnert eis erfëllt goufen, opzesetzen, esou wéi déi, déi vun Ufank un Aeenzeien an Dénger vum Wuert waren, se eis iwwerliwwert hunn. Och ech hunn et fir gutt gehalen, dat alles fir dech, veréierten Theophilos, der Rei no opzeschreiwen, nodeems ech mech ganz exakt iwwert alles vun Ufank un informéiert hunn. Esou kanns du dech iwwert d’Zouverlässegkeet vun allem wat s du geléiert krus, vergewësseren.” (Luc 1,1-4 BfL)
de Jean: “De Jesus huet nach vill aner Zeeche viru senge Jénger gemaach, déi net an dësem Buch opgeschriwwe sinn. Mee déi hei sinn opgeschriwwe ginn, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Messias ass, de Jong vu Gott, an datt dir, well dir gleeft, duerch säin Numm Liewen hutt.” (Jean 20,30-31 BfL)
Wéi erkläre mir d’Ënnerscheeder an deene Berichter?
Wann ee 4 Schrëftsteller huet huet een automatesch 4 Perspektiven. Zum Beispill kann deng Biographie vun dengem Jong, dengem Aarbechtskolleg oder dengen Eltere geschriwwe ginn. All Biographie wäert en anere Bléckwénkel op däi Liewen hunn. Dat heescht awer net datt E¨nnerscheeder an de Biographien vun deene verschiddene Leit Widderspréch sinn, mee se si komplementär.
Kënne mir dem Neien Testament vertrauen?
Et ass eng wichteg fro déi jiddereen sech muss stellen deen säi Liewen wëll op Fakten a Wouregt opbauen. Mam Neien Testament si mer an erstaunlech gudden hänn. Mir hunn esouwuel eng kulturell wéi och textuell, intern an extern Beweiser déi eis eng grouss Zouversiicht ginn datt mir dat wat mer an der Bibel liesen och effektiv dat ass wat d’Apostelen deemols héieren, geschriwwen an déi éischt Chrëschte gelies hu.
Wéi exakt waren d’mëndlech Iwwerdroungen?
KD’Juddentum am éischten Joerhonnert war nach ëmmer eng mëndlech Gesellschaft a Kultur. Vereenzelt Rabbiner konnten dat Alt Testament ganz auswenneg. Dorënner war och den Apostel Paulus. D'Apostelen an déi éischt Chrëschte ware Judden. Vir si wär et kee Problem gewiescht dem Jesus seng Léier exakt weiderzeginn an duerno opzeschreiwen.
Wéi sëcher kënne mer sinn datt den Text net gefälscht oder verluer gangen ass?
Duerch d'Quantitéit vun den Manuscripten
Auteur | Wéini Geschriwwen | Eelst Kopien | Zäitraum | Unzuel vu Kopien |
|---|---|---|---|---|
Cesar | 100-44 v.Chr. | 900 n. Chr. | 1000 Joer | 10 |
Herodotus | 480-425 v.Chr. | 900 n. Chr. | 1300 Joer | 8 |
Plato | 427-347 v.Chr. | 900 n. Chr. | 1200 Joer | 7 |
Aristotle | 384-322 v. Chr. | 1100 n. Chr. | 1400 Joer | 5 |
Neit Testament | 50-90 n. Chr. | 125 n. Chr. | 35 - 75 Joer | 5000+ |
Vir d’Néit Testament ginn et méi wéi 5000 griechesch Manuskripter, woubäi dat fréiste Fragment vum Jean aus dem Joer 125 no Christus ass. D'Historiker sinn sech haut zum gréissten Deel eeneg datt op mannst 95% vun den Texter déi d’Jénger aus dem éischten an zweete Joerhonnert haten kënne mat grousser Sëcherheet rekonstruéiert ginn.
D’Historiker diskutéieren zwar iwwert déi Fréi Datéierung déi mir Iech hei presentéieren, allerdéngs hu mir souwuel Intern ewéi och extern Beweiser fir eis op déi Datumen anzeloossen.
Duerch de Fréien Datum
Datéierung zu de Biografien iwwer Jesus | |
|---|---|
Gutt Noriicht nom Mattias: 50 - 60 n. Chr. | Gutt Noriicht nom Marc: 50 n. Chr. |
Gutt Noriicht nom Luc: 60 n. Chr. | Gutt Noriicht nom Jean: 90 n. Chr. |
“Mir kënnen dës Quelle net ignoréieren. Seng Biographien am Neien Testament si Vertrauenswürdeg a wuertwiertlech unzehuelen."

Aus der Bibel eraus kënne mer folgendes novollzéien
- 1De Mattias, Marc, a Luc soen Zerstéierung vum Jüddeschen Tempel viraus. Mee kee vun deene Dräi erwäänt d’Erfëllung vun dëser Prophezeiung. D’Réimer zerstéieren den Tempel 70 n. Chr..
- 2An der Apostelgeschicht, Kapitel 28 ass De Paul zu Roum um Liewen. De Luc erwäent weder den Doud vum Péitrus nach vum Paul.
- 3Dem Paul seng Bréiwer goufen zwëschen 48-60 n. Chr. geschriwwen.
- 4Den 1. Korintherbréif ass dat mannst ëmstriddenst Dokument vun der Bibel a gouf vum Paul geschriwwen.
- 5De Paul zitéiert de Luc 10,7 am 1. Bréif un den Timothée 5,18 (BfL): “Den Aarbechter ass säi Loun wäert.”
Ausserhalb der Bibel kënne mer op Papyri a Bréiwer vun Leeder vun de chrëschtleche Gemeinschaften zeréckgräifen
P. Chester Beatty I, (P45) folio 13-14 Fragment vum ‘de Luc’ (250 n. Chr.)
Bodmer Papyri P66 (200 n. Chr.) bal komplette Kodex vum ‘de Jean’.
Rylands Papyri P52 de Jean 18,31-33 (125-175 AD).
Leeder vun de Chrëschtleche Gemeinschaften (z. B.) | |
|---|---|
Clement vu Roum | 95 n. Chr. |
Ingatius, Bëschof vun Antiochia | 115 n. Chr. |
Polycarp, Bëschof vu Smyrna | 120 n. Chr. |
Ginn et aner Quellen déi net aus der Bibel sinn?
Tacitus | Historiker vum réimësche Räich (c. 56 - 120 n. Chr.) |
Pliny de Jonken | Riichter am Réimesche Räich (c. 61 - 113 n. Chr) |
Jospehus | Jüddeschen Historiker (c. 37 - 100 n. Chr.) |
Babyloneschen Talmud | Jüddesch Mëndléch Traditioun (c. 200 - 500 n. Chr) |
Lucian vu Samosata | Satirist a Rhetoriker (c. 125 - 180 n. Chr.) |
Wa mir de Jesus richteg kenneléiere wëllen kënne mir eis net op heiere soe verloossen. Mir hunn elo eng iwwersiicht vun dem Mënsch Jesus an iwwer d'Texter déi vun Him schwetzen diskutéiert. Mir kënnen dës Quelle net ignoréieren. Seng Biographien am Neien Testament si Vertrauenswürdeg a wuertwiertlech unzehuelen. Esou kënne mir deen eenzegaatege Jesus, de Messias, kenneléieren.
De Messias
De Jesus gouf net an e Vacuum gebuer. Déi ganz jüddesch Gesellschaft huet ënnert der Herrschaft vum réimesche Räich gelidden an huet seenlechst op d’Kinnékräich vu Gott gewaart. Vill couragéis Männer hu sech als de Messias ausginn a si gestuerwen ouni déi ersehnten Erfëllung vun de Prophezéiunge mat sech ze bréngen.
Mam Jesus sollt sech alles änneren an dach gouf et laang Onsëcherheet bis hie vun den Doudegen operstanen an honnerte vu Prophezeiunge mat sengem Liewen, Dout a senger Operstéiung erfëllt huet a versprach huet erëm ze kommen.
De Message
De Message vu Gott ass kloer an der Bibel erëmzefannen. De Jesus rifft eis zou: Bekéiert Iech zu Gott!
“De Jesus huet him geäntwert: Ech sinn de Wee an d’Wourecht an d’Liewen. Kee kënnt bei de Papp, et sief dann duerch mech. Wann dir mech kannt hätt, dann hätt dir och mäi Papp kannt. Vun elo u kennt dir de Papp an dir hutt hie gesin. (...) Gleeft mir, datt ech am Papp sinn an de Papp a mir! (…).”
Jean 14:6-7, 11 (BfL)

D’Bibelzitater aus dem Neien Testament op Lëtzebuergesch si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlaabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.
Bibeltexter vum Alen Testament sin aus der Schlachter 2000 Copyright © 2000 Genfer Bibelgesellschaft. Mat Erlaabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.