De Mann, seng Missioun, a säi Message
Keen Zweifel, de Jesus huet d’Welt verännert an huet Millioune vu Liewen vun der Welt ewech zu Gott gedréit. Hien ass déi Fundermental Doktrin vum Chrëschtleche Glawen and dee Kontroveseste Personnage vum 21. Joerhonnert.
A sengem Numm gouf de Fridde gepriedegt a leider och Krich gefouert. A sengem Numm goufe leit verféiert a manipuléiert an a sengem Numm hu Leit fräiheet vun Oppressive Regimer fonnt.
Mee wien ass de Jesus wierklech? Kenne mir dem Message an der Bibel vertrauen? Firwat ass hien un d’Kräiz gaangen? A wat ass säi Message?
Mee wien ass de Jesus wierklech? Kenne mir dem Message an der Bibel vertrauen? Firwat ass hien un d’Kräiz gaangen? A wat ass säi Message?
Wéi kënne mir wëssen datt de Jesus gelieft huet?
Biografien
de Mattias: “Dat hei ass de Stammbam vum Jesus, dem Messias, dem Jong vum David, dem Jong vum Abraham.” (Mattias 1,1 BfL)
de Marc: “Dat hei ass den Ufank vun der gudder Noriicht vum Jesus, dem Messias, dem Jong vu Gott.” (Marc 1,1 BfL)
de Luc: “Esëlleche Leit hu scho probéiert, fir e Rapport vun den Evenementer, déi ënnert eis erfëllt goufen, opzesetzen, esou wéi déi, déi vun Ufank un Aeenzeien an Dénger vum Wuert waren, se eis iwwerliwwert hunn. Och ech hunn et fir gutt gehalen, dat alles fir dech, veréierten Theophilos, der Rei no opzeschreiwen, nodeems ech mech ganz exakt iwwert alles vun Ufank un informéiert hunn. Esou kanns du dech iwwert d’Zouverlässegkeet vun allem wat s du geléiert krus, vergewësseren.” (Luc 1,1-4 BfL)
de Jean: “De Jesus huet nach vill aner Zeeche viru senge Jénger gemaach, déi net an dësem Buch opgeschriwwe sinn. Mee déi hei sinn opgeschriwwe ginn, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Messias ass, de Jong vu Gott, an datt dir, well dir gleeft, duerch säin Numm Liewen hutt.” (Jean 20,30-31 BfL)
Wann ee 4 Schrëftsteller huet huet een automatesch 4 Perspektiven. Zum Beispill kann deng Biographie vun dengem Jong, dengem Aarbechtskolleg oder dengen Eltere geschriwwe ginn. All Biographie wäert en anere Bléckwénkel op däi Liewen hunn. Dat heescht awer net datt E¨nnerscheeder an de Biographien vun deene verschiddene Leit Widderspréch sinn, mee se si komplementär.
Et ass eng wichteg fro déi jiddereen sech muss stellen deen säi Liewen wëll op Fakten a Wouregt opbauen. Mam Neien Testament si mer an erstaunlech gudden hänn. Mir hunn esouwuel eng kulturell wéi och textuell, intern an extern Beweiser déi eis eng grouss Zouversiicht ginn datt mir dat wat mer an der Bibel liesen och effektiv dat ass wat d’Apostelen deemols héieren, geschriwwen an déi éischt Chrëschte gelies hu
D’Juddentum am éischten Joerhonnert war nach ëmmer eng mëndlech Gesellschaft a Kultur. Vereenzelt Rabbiner konnten dat Alt Testament ganz auswenneg. Dorënner war och den Apostel Paulus. D'Apostelen an déi éischt Chrëschte ware Judden. Vir si wär et kee Problem gewiescht dem Jesus seng Léier exakt weiderzeginn an duerno opzeschreiwen.
Auteur | Wéini geschriwwen | Eelst Kopien | Zäitraum | Unzuel u Kopien |
Cesar | 100-44 v.Chr. | 900 n.Chr. | 1000 Joeren | 10 |
Herodotus | 480-425 v.Chr. | 900 n.Chr. | 1300 Joeren | 8 |
Plato | 427-347 v.Chr. | 900 n.Chr. | 1200 Joeren | 7 |
Aristotle | 384-322 v.Chr. | 1100 n.Chr. | 1400 Joeren | 5 |
Neit Testament | 50-90 n.Chr. | 125 n.Chr. | 35-75 Joeren | 5000+ |
Vir d’Néit Testament ginn et méi wéi 5000 griechesch Manuskripter, woubäi dat fréiste Fragment ass vum Jean aus dem Joer 125 AD. Historiker sinn sech haut zum gréissten Deel eeneg datt op mannst 95% vun den Texter déi d’Jénger aus bem éischten an zweete Joerhonnert haten kënne mat grousser Sëcherheet rekonstruéiert ginn.
Mattias, 50-60 AD | Marc, 50 AD |
Luc, 60 AD | Jean, 90 AD |
D’Texter gewannen u credibilitéit, well eng Ligen iwwer de Jesus schnell widderluecht ka ginn. An dat stëmmt emsou méi fir déi 4 Evangelien, well d’Schrëftgeléierten vun de Judden dem Jesus seng Jénger verfollegt hunn.
Aus der Bibel eraus kënne mer folgendes novollzéien:
Ausserhalb der Bibel kënne mer op Papyri a Bréiwer vun Leeder vun de chrëschtleche Gemeinschaften zeréckgräifen déi d’Neit Testament zitéieren:
| |
P. Chester Beatty I, (P45) folio 13-14 Fragment vum ‘de Luc’ (250 n. Chr.) | |
Bodmer Papyri P66 (200 n. Chr.) bal komplette Kodex vum ‘de Jean’. | |
Rylands Papyri P52 de Jean 18,31-33 (125-175 AD). | |
| |
Clement vu Roum | 95 n. Chr. |
Ingatius, Bëschof vun Antiochia | 115 n. Chr. |
Polycarp, Bëschof vu Smyrna | 120 n. Chr. |
Ginn et aner Quellen déi net aus der Bibel sinn?
Tacitus | Historiker vum réimësche Räich (c. 56 - 120 n. Chr.) |
Pliny de Jonken | Riichter am Réimesche Räich (c. 61 - 113 n. Chr) |
Jospehus | Jüddeschen Historiker (c. 37 - 100 n. Chr.) |
Babyloneschen Talmud | Jüddesch Mëndléch Traditioun (c. 200 - 500 n. Chr) |
Lucian vu Samosata | Satirist a Rhetoriker (c. 125 - 180 n. Chr.) |
Wa mir de Jesus richteg kenneléiere wëllen kënne mir eis net op heiere soe verloossen. Mir kënnen dës Quelle net ignoréieren. Seng Biographien am Neien Testament si Vertrauenswürdeg a wuertwiertlech unhuelen. Esou kënne mir deen eenzegaatege Jesus, de Messias, kenneléieren.
De Jesus gouf net an e Vacuum gebuer. Déi ganz jüddesch Gesellschaft huet ënnert der Herrschaft vum réimesche Räich gelidden an huet seenlechst op d’Kinnékräich vu Gott gewaart. Vill couragéis Männer hu sech als de Messias ausginn a si gestuerwen ouni déi ersehnten Erfëllung vun de Prophezéiunge mat sech ze bréngen.
Mam Jesus sollt sech alles änneren an dach gouf et laang Onsëcherheet bis hie vun den Doudegen operstanen an honnerte vu Prophezeiunge mat sengem Liewen, Dout a senger Operstéiung erfëllt huet a versprach huet erëm ze kommen.
De Message vu Gott ass kloer an der Bibel erëmzefannen: Bekéiert Iech zu Gott sou wéi de Jesus et eis zourifft:
“Kommt bei mech, all dir, déi dir iech plot a schwéier Laaschten drot! Ech ginn iech Rou. Huelt mäi Jach op iech a léiert vu mir, well ech vun Häerzen duuss an damiddeg sinn. Da fannt dir Rou fir är Séilen. Mäi Jach ass nämlech einfach ze droen a meng Laascht ass liicht ze zéien.”
Mattias 11:28-30 (BfL)
“De Jesus huet him geäntwert: Ech sinn de Wee an d’Wourecht an d’Liewen. Kee kënnt bei de Papp, et sief dann duerch mech. Wann dir mech kannt hätt, dann hätt dir och mäi Papp kannt. Vun elo u kennt dir de Papp an dir hutt hie gesin. (...) Gleeft mir, datt ech am Papp sinn an de Papp a mir! (…).”
Jean 14:6-7, 11 (BfL)
“Ech hunn iech nämlech un éischter Plaz dat weiderginn, wat ech empfaangen hunn: Christus ass laut der Schrëft fir eis Sënne gestuerwen, hie gouf begruewen a laut der Schrëft um drëtten Dag vun den Doudegen operwächt. Duerno gouf hie vum Kefas gesinn an du vun deenen Zwielef. Hie gouf duerno vu méi wéi fënnefhonnert Geschwëster zugläich gesinn. Vun deene liewen déi meescht nach, mee verschiddener si scho gestuerwen. Du gouf hie vum Jacques gesinn an duerno vun all den Apostelen. Fir d’allerlescht ass hi mir erschéngen, esou wéi engem, deen ze spéit gebuer gouf.”
1. Korinther 15,3-8 (BfL)
“De Jesus huet nach vill aner Zeeche viru senge Jénger gemaach, déi net an dësem Buch opgeeschriwwe sinn. Mee déi hei sinn opgeschriwwe ginn, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Messias ass, de Jong vu Gott, an datt dir, well dir gleeft, duerch säin Numm Liewen hutt.”
Jean 20,30-31 (BfL)
Copyright text and footer links.