
“D’Bibel ass een eenzegaartegt Buch, egal wat fir ee Moossstaf een hëlt. Kee Wonner, datt d’Bibel dat Buch ass wat am meeschten zitéiert gëtt; am meeschte gedréckt gëtt; am meeschten iwwersat gëtt; a wat am meeschten Afloss hat an der Geschicht vun der Mënschheet.”
- Norman Geisler, From God to Us: How We Got The Bible, Chicago: 1974, p.7 -
Wat Bibel vu villen anere Bicher ënnerscheet ass datt d’Bibel trotz den villen Auteuren Harmonesch an kohärent ass, historesch a Chronologesch Sënn mëscht an datt d’Bibel behaapt Gott seng Wierder ze sinn.

“All Schrëft ass vu Gott inspiréiert (ausgeotemt) ...”
- 2. Timothée 3,16 - (BFL)

“Prophezeiung koum nämlech nach ni duerch de Wëlle vum Mënsch, mee helleg Männer vu Gott hunn esou geschwat, wéi si vum hellege Geescht geleet goufen.”
- 2. Péitrus 1,21 -
Dës an aner Verse schwätzen dovun dat Gott Mënsche gebraucht huet fir seng Wierder ze verkënnegen an opzeschreiwen, fir dat se fir déi nächst Generatiounen erhale bleiwen. A well Gott net vu senge Wierder ze trennen ass gëtt d’Bibel och als “Wuert Gottes” bezeechent.
Déi gleeweg hunn Gottes Wuert mat extremer Genauegkeet iwwerdroen, dofir hunn mer haut eng riseg Unzuel Kopien oder Text Deeler un archeologesche Manuskripter déi de bibleschen Text vun Haut ënnerstëtzen.
D’Bibel ass an zwee Haaptdeeler agedeelt: dat alt an dat neit Testament. Da sinn déi Testamenter nach a Bicher opgedeelt. D’Struktur an de Bicher, Gruppe vu verschiddene Bicher (Geschicht, Poesie, Prophéiten, Bréiwer, etc), Kapitelen, Versen. Zesummen erginn et am ganzen 66 Bicher.
Et ass net wichteg d’Kategorie vun der Bibel ze verhalen. Wat wichteg ass, ass ze verhalen, datt d’Bibel seet, datt si Gott säi Wuert ass, dat heescht seng Noriicht un d’Mënschheet.
Déi 66 Bicher, dat aalt Testament an dat neit Testament, konzentréiere sech Allenzwee op eng Persoun — de Jesus de Messias vun de Judden deen och Christus genannt gëtt.
Mir kréie gesot, datt mir duerch d’Säite vun der Bibel Gott kenneléiere kënnen.
Sou eng Behaaptung sollt och deejéinegen, dee seet d’Bibel wier him egal, dozou bréngen op mannst eng Kéier, dat wat se ze soen huet, ze betruechten.
“Däi Wuert, o Här, ass éiweg; et steet fest...” (Psalm 119.89)
D’Bibelzitater aus dem Neien Testament si vu „Bibel Fir Lëtzebuerg“, Copyright © 2017 by Bibles International®, USA. Mat Erlaabnis gebraucht. All Rechter virbehalen.