___________________________________
Wéi ass d’Bibel entstanen? Wéi wësse mer datt déi 66 Bicher an der Bibel déi eenzeg Bicher vu Gott sinn? Firwat goufen aner Bicher ausgeschloss a sinn net an der Bibel vertrueden?
Dës Froe ginn duerch d’Léier iwwert de Kanon vun der Bibel beäntwert. Iwwer 3 Artikele wëlle mir kucke wat dat Wuert Kanon heescht, wat seng Bedeitung ass an erausfanne wéi dee Kanon vun de 66 Bicher an engem Buch zesumme komm ass. Zum Schluss wëlle mer och Erkläre firwat et Texter ginn déi net am Kanon vertruede sinn a mir kenne vertrauen datt déi Bibel déi mir hunn och déi ass wou déi éischt Chrëschte gelies a gegleewt hunn.
D’Wuert “Kanon” huet griichesch an hebräesch Wuerzelen. Am gr. kanṓn ass vu "Moossstaf" oder "Standard" riets an am hebr. qane, “Lëtsch”, wat an eisem Kontext souvill bedeit ewéi Lëtsch fir ze moossen. Et handelt sech also bei engem Kanon ëm e “Moossstaf”. Mir schwätze vun eppes wat benotzt gëtt fir ze moossen. D’Wuert “Kanon” gouf 352 n. Chr. déi éischte kéier op d’Bibel bezunn an haut schwätze mer no enger Definitioun vum Bill McRae vun enger “Kollectioun vu Schrëften déi eng Autoritativ an final Norm, Reegel oder e Standard fir d’Léier an d’Praxis vum Glawe bilden.” (Bill McRae, 2010, Bible.org)
De Prozess wärend deem d’Schrëften déi engem Moossstaf gerecht gi sinn als vu Gott inspiréiert an Deel vum Kanon erkannt gi sinn, nennt ee Kanonizitéit vun den Texter. Dëse Prozess kann sech iwwer Joerzéngten a Joerhonnerten zéie soulaang wéi de Moossstaf deem d’Bicher hu misse gerecht ginn erfëllt gouf.
Am ganze gekuckt gesäit et esou aus ewéi wann déi Entscheedung, wéi eng Bicher inspiréiert sinn, eng Arbiträr Mënschlech Prozedur wier. Et ass historesch richteg datt Judden an duerno Chrëschten sech op Konziler zesumme getraff hunn, fir offiziell festzehale wat fir eng Bicher inspiréiert si fir déi reng Léier viru falsche Schrëften ze ënnerscheeden. Et ass awer wichteg ze betounen, datt dës Konziler net entscheet hu wat fir eng Bicher inspiréiert sinn, mee zesumme koume fir déi Bicher ze erkennen déi Gott scho kloer als souer festgeluecht hat andeems se sech u Critère gehaalen hunn déi mat enger Inspiratioun vu Gott mussen Hand an Hand goen.
D’Inspiratioun vun engem Buch ass den Haaptcritère op dee gekuckt gouf fir ze entscheeden ob eng Schrëft en Deel vum Kanon ass oder net. Mat der Inspiratioun vun engem Buch kommen 3 Saachen zesummen:
Dofir goufen d'Texter an de Konziler engem einfachen Test ënnerzu fir kloer ze erkenne wat fir eng Schrëften zum Kanon gehéieren a wat fir eng aner kontrovers Schrëften net dozou geheieren.
Test vun der Kanonicitéit
De Norman L. Geiseler an de William Nix hunn an hirem Buch A General Introduction To The Bible (1986) folgend Critère kënnen identifizéieren:

“Life is short, and if we enjoy every moment of every day, then we will be happy no matter what happens or what changes along the way.”
fdsfds
Jesus Christus
De Mann, seng Missioun, a säi Message
Wéi kënne mir wëssen datt de Jesus gelieft huet?
Biografien
de Mattias: “Dat hei ass de Stammbam vum Jesus, dem Messias, dem Jong vum David, dem Jong vum Abraham.” (Mattias 1,1 BfL)
de Marc: “Dat hei ass den Ufank vun der gudder Noriicht vum Jesus, dem Messias, dem Jong vu Gott.” (Marc 1,1 Bfl)
de Luc: “Esëlleche Leit hu scho probéiert, fir e Rapport vun den Evenementer, déi ënnert eis erfëllt goufen, opzesetzen, esou wéi déi, déi vun Ufank un Aeenzeien an Dénger vum Wuert waren, se eis iwwerliwwert hunn. Och ech hunn et fir gutt gehalen, dat alles fir dech, veréierten Theophilos, der Rei no opzeschreiwen, nodeems ech mech ganz exakt iwwert alles vun Ufank un informéiert hunn. Esou kanns du dech iwwert d’Zouverlässegkeet vun allem wat s du geléiert krus, vergewësseren.” (Luc 1,1-4 BfL)
de Jean: “De Jesus huet nach vill aner Zeeche viru senge Jénger gemaach, déi net an dësem Buch opgeschriwwe sinn. Mee déi hei sinn opgeschriwwe ginn, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Messias ass, de Jong vu Gott, an datt dir, well dir gleeft, duerch säin Numm Liewen hutt.” (Jean 20,30-31)
4 Auteuren = 4 Perspektiven (Beispill: deng Biographie gëtt vun dengem Jong, dengem Aarbechtskolleg, dengen Eltere geschriwwen?)
D’Ënnerscheeder an de Biographien sinn net widderspréchlech mee komplementar.
Auteur | Wéini geschriwwen | Éischt Kopien | Zäitraum | Unzuel u Kopien |
Cesar | 100-44 BC | 900 AD | 1000 Joeren | 10 |
Herodotus | 480-425 BC | 900 AD | 1300 Joeren | 8 |
Plato | 427-347 BC | 900 AD | 1200 Joeren | 7 |
Aristotle | 384-322 BC | 1100 AD | 1400 Joeren | 5 |
Vir d’Néit Testament ginn et méi wéi 5000 griechesch Manuskripter. Dat fréiste Fragment ass vum Jean aus dem Joer 125 AD.
Mattias, 50-60 AD
Marc: 50 AD
Luc: 60 AD
Jean: 90 AD
Intern Beweiser :
Mattias, Marc, an Luc soen Zerstéierung vum Jüddeschen Tempel viraus. Mee kee vun deene Dräi erwäänt d’Erfëllung vun dëser Prophezeiung. D’Réimer zerstéieren den Tempel 70 AD.
Apostelgeschicht 28: De Paul ass am Liewen zu Roum. De Luc erwäänt net den Doud vum Péitrus nach den vum Paul.
De Paul seng Bréiwer goufen zwësche 48-60 AD geschriwwen.
1 Korinther ass dat mannst ëmstriddent Dokument.
De Paul zitéiert de Luc am 1 Timothée 5,18: “Den Aarbechter ass säi Loun wäert.” (Luc 10,7)
Extern Beweiser :
Papyri
P. Chester Beatty I, (P45) folio 13-14 Fragment vum ‘de Luc’ (250 AD)
Bodmer Papyri P66 (200 AD) baal komplete Kodex vum ‘de Jean’.
Rylands Papyri P52 de Jean 18,31-33 (125-175 AD).
Leaderen vun der Kirch am 1ten an 2ten Joerhonnert zitéieren aus dem néien Testament:
Clement vu Roum (95 AD)
Ingatius, Bëschof vun Antiochia, (115 AD)
Polycarp (120 AD)
Wat d’Berichter méi no un den Zäitpunkt vun den Evenementer läit, wat si méi exakt sinn.
Aenzeien kënne d’Berichter bestätegen oder widderleeën.
D’Juddentum am éischten Joerhonnert war nach ëmmer eng mëndlech Gesellschaft a Kultur. Vereenzelt Rabbiner konnten dat Aalt Testament ganz auswenneg. D'Apostelen an déi éischt Chrëschten ware Judden. Vir si wär et kee Problem gewiescht dem Jesus seng Léier exakt weiderzeginn.
Gin et anner Quellen?
Tacitus
Pliny de Jonken
Jospehus
Babyloneschen Talmud
Lucian vu Samosata
Wa mir de Jesus richteg kenneléiere wëllen, da mussen mir seng Biographien am Néien Testament wuertwiertlech unhuelen.
De Jesus staamt vun der kinneklecher Famill of: “Dat hei ass de Stammbam vum Jesus, dem Messias, dem Jong vum David, dem Jong vum Abraham...” (Mt. 1,1 Yer 23,5-6)
De Jesus gouf zu Betlehem gebuer. “ ‘Zu Betlehem a Judea’, hu si him geäntwert. ‘Esou gouf et nämlech duerch de Prophéit geschriwwen: ‘ Du Betlehem am Land Juda bass op kee Fall déi onwichtegst Stad ënner den Herrscher aus Juda. Aus dir geet nämlech en Herrscher ervir, dee mö Vollek Israel hitt’ “(Mt. 2,5-6 Mi 5,1)
De gouf vun enger Jongfra op d’Welt bruecht. “All dat ass geschitt, fir datt dat, wat den Här duerch de Prophéit gesot hat, sech erfëlle géif: ‘Kuck! D’Jongfra gëtt schwanger a bréngt e Jong op d’Welt. Hie gëtt Immanuel gennant.’ Iwwersaat heescht dat: ‘Gott ass mat eis.’ ”(Mat. 1,20-23 Yes. 7,14)
De Jesus huet Wonner gewierkt. (Luc 7,20-23 Yes. 35,5-6)
De Jesus gouf vu seng eege Leit verworf. “De Jesus sot zu hinnen: “Huet dir ni an der Schrëft gelies: ‘De Steen, deen d’Steemetzer verworf hunn, ass zum Eckstee ginn. Dat huet den Här gemaach an et ass wonnerbar an eisen Aen’?” (Mt. 21,42 Psalm 118,22-23)
De Jesus huet mat a vir d’Sënner gelidden. “Et goufen och zwee anerer mam Jesus erausgeféiert, fir higeriicht ze ginn. Allenzwee ware si Brigangen. Wéi si op d’Plaz koumen, déi “Doudekapp” genannt gëtt, hu si de Jesus zesumme mat de Brigange gekraïzegt, een op senger rietser an een op senger lénker Säit.” (Luc 23,32-33 Yes. 53,12)
De Jesus ass vun den Doudegen operstanen. (Marc 16,9-19 Psalm 16,10)
1 Korinther 15,3-8
Ech hunn iech nämlech un éischter Plaz dat weiderginn, wat ech empfaangen hunn: Christus ass laut der Schrëft fir eis Sënne gestuerwen, hie gouf begruewen a laut der Schrëft um drëtten Dag vun den Doudegen operwächt. Duerno gouf hie vum Kefas gesinn an du vun deenen Zwielef. Hie gouf duerno vu méi wéi fënnefhonnert Geschwëster zugläich gesinn. Vun deene liewen déi meescht nach, mee verschiddener si scho gestuerwen. Du gouf hie vum Jacques gesinn an duerno vun all den Apostelen. Fir d’allerlescht ass hi mir erschéngen, esou wéi engem, deen ze spéit gebuer gouf.
Jean 20,30-31
“De Jesus huet nach vill aner Zeeche viru senge Jénger gemaach, déi net an dësem Buch opgeeschriwwe sinn. Mee déi hei sinn opgeschriwwe ginn, fir datt dir gleeft, datt de Jesus de Messias ass, de Jong vu Gott, an datt dir, well dir gleeft, duerch säin Numm Liewen hutt.”
Enter your text here...